You are here: Home > Building Bridges > USA Rees 2009
USA Rees 2009
Zeitungartikel vun eiser Rees
- Visit in Sleepy Eye,MN
- Visit in New Ulm,MN
- Visit in Dyersville,IA
Montag, 7. September 2009 - 14:45 Uhr
Ofschlossparty zu Saint Donatus
Vun Winona ass et fir d'eischt op Potosi an de Wisconsin gang.
Do hu mer an der Potosi Brauerei zu Mettig giess. Dei al Brauerei gouf kirzlich erem opgemeet an mer hun e besse Beier gedronk an zu Mettig giess. De Museum ass ock kuckeswaert an de Souvenirsbutik gouf natirlich och gestirmt.
Duerno ass et op den Mt Calvary Kirfent gang, wou mer dem Nic Gonner seng Monument besicht hun. De Guy Thurmes huet och zoufaellig eng Graf vun der Famill vu senger Fra font (Merkes).
Um 4:30 Auer ass et dun op dat bekannten Saint Donatus am Iowa gang, wou fir d'eischt de Poormuseum an d'Kirich um Programm stungen. Duerno ass et iewer heich hier am Kalmes Restaurant gang, well do gouf grouss mat eise Froenn vun do gefeiert. Et war eng wuerdig Ofschlossfeier.
Samstag, 5. September 2009 - 14:06 Uhr
Bei McCabe's um Feschweier bei Brownsville
Bal traditionell inviteiert den Jim McCabe eis op sein Feschweier, wou eis Lekt emmer erem staunen. Senger Fra Carol hir Virfahren kommen vu Kauneref (Schleich).
Dat alles gett natirlich emmer erem vum Dave Bissen arrangeiert.
Mer waren och doest Joer ganz frou fir e puer Memberen vun der Letzebuerger Club vun La Crosse, Wisconsin ze begeinen.
Samstag, 5. September 2009 - 14:03 Uhr
Message op Bungeref, den Fees bleiwt hei
Message fir all Bungerefer,
Den Fees bleift nach e bessen hei an helleft am Kuerschnatz.
Hien huet iwriens och schon eng Farm zu Remsen am Iowa kaft!!!
Samstag, 5. September 2009 - 14:00 Uhr
Apperitif an der Mauer Tavern zu Elba
Et ass nemme Cola an de Glieser???????
Samstag, 5. September 2009 - 13:59 Uhr
Mam Tracteur bis bei d'Marnach Haus
Moien um 10 Auer sen mer mam Trakteur op engem Won mat Streibotten bis bei d'Marnach Haus gefouert ginn.
Samstag, 5. September 2009 - 13:53 Uhr
Vu Saint Cloud op Rollingstone
Zu Saint Cloud sen mer de moien de Clemens Garden kucke gang. Sein Donateur, den Bill Clemens hat Virfahren vun Betzdorf. Et ass e wonnerbare Gard.
Duerno ass et no Sueden gang a mer hun an der Mall of America Mettig gemeet an Shopping war ugesot. Et ass onwahrscheinlich wat mer alles erausgeschleft hun??????
Am speiden Nomettig waren mer zu Winona an sen duerno nach op Rollingstone gefuer.
Samstag, 5. September 2009 - 05:10 Uhr
E Merci fir den Ed Zapp
Als klenge Merci krut den Ed Zapp eng CD mat letzebuerger Lidder.
Bei dem naechsten Trip muss hien eis iewer d'Lidd vun der Schnitzelbank mei genau erklaeren.
Donnerstag, 3. September 2009 - 14:53 Uhr
Grouss Party beim Ed Zapp um Grand Lake
Vun Sleepy Eye ass et fir d'eischt op Luxemburg, Minnesota gang. Duerno war d'Mettegiessen an der Kantin vum St Johns College bei Saint Cloud. De Choix vun Iessen ass ganz grouss. Eng kurz Visite vun der aler an der neier Kiirch an duerno konnten mer dei nei handgeschriwene Bibel bestaunen. Et ass schon eenzechartig wat hei geleescht gett. D'Bibel huet zum Schluss iwert 1100 Saiten a 7 Volumen.
Duerno ass et an den Stearns County Museum gang, wou den Albert Decker och e waitlefigen Cousinn fonnt huet.
Owes ass et dun bei den Ed Zapp op den Grand Lake gang. Hien inviteiert eis emmer op seng wonnerschein Proprieteit um Grand Lake and offreiert d'Iessen. Niewent eis kommen dann och eng grouss Zuel vun letzebuerger Amerikaner an och de Weber Vic konnt hei e "Cousin" fannen.
Zum Schluss vum Owend hu mer ennert der Leedung vum Gast, Emile an Nico ee klenge Concert ginn!!!!
E wonnerscheinen Dag gung zu Enn
Mittwoch, 2. September 2009 - 14:41 Uhr
Treffen mam US-Veteran Charles Haugg
Beim Mettegiessen haten mer och dei grouss Freed den Charles Haugg ze treffen. Hien huet an der Ardenneroffensiv am Norden vun eisem Land gekaempft an hat bal dei zwee Been verluer. Dank dem Penizilin an zwou franzeischen Infirmieren konnten sie gerett ginn. Den John an de Vic waren natirlichech ganz erfreet wir mat hem koennen ze schwetzen.
|
|
|



