Zeitungartikel vun eiser Rees

- Visit in Sleepy Eye,MN

- Visit in New Ulm,MN

- Visit in Dyersville,IA













Mittwoch, 2. September 2009 - 14:37 Uhr
Wonnerbaren Empfank zu Sleepy Eye

Hei hat d'Judy Beech erem alles perfekt organiseiert. Nom Depot Museum an der Statue vum Chief Sleepy Eye ass et an de Keller vum Gene Bertrand gang, wou hien eis mat senger Konzertina ennerhal huet an e Patt zerweiert huet.
Duerno ass et an de Schoenstatt Retreat Center gang fir d'Mettegiessen.
Duerno ass et an de Sod House Museum op Sanborn gang, wou mer gesinn hun ewei dei eischt Siedler hir Haiser aus Wuesen gebaut hun.
Zum Schluss vum Dag ass et an d'Geigend vun Morton gang, wou mer d'Liewen vun den Indianer ennert d'Lupe geholl hun.

Dienstag, 1. September 2009 - 15:03 Uhr
Besuch vum Buergermeeschter vun New Ulm

Mam Buergermeeschter Albrecht

Dienstag, 1. September 2009 - 14:53 Uhr
Grouss Party zu New Ulm

Hei zu New Ulm huet den Terry Sveine eis fir d'eischt op een Tour durich d'Staat matgeholl an eis dunn bei sech heem op en typischen amerikanischen BBQ inviteiert. Den Gene Bertrand vun Sleepy Eye huet Konzertina gespillt a mer hun eis gudd amuseiert. E besonneschen Touch krut d'Feier durich den Besuch vum Buergermeeschter Albrecht, deen eis op Daitsch begreisst huet. Esou konnt de Buergermeeschter vun Bauschelt mam Buergermeeschter vun New Ulm schwetzen!
(Leider hun d'Mustiken eis e besse Problemer gemeet, soss haet et bestemmt nach mei lang gedauert). Ech hun mer iewer soe geloss, dass d'Bar duerno am Hotel fest a Letzebuerger Hand war????

Dienstag, 1. September 2009 - 14:45 Uhr
Vill Lekt zu Heron Lake

Och zu Remsen war alles prett a mer konnten vill Froen, dorenner den Rick Roder an d'Ethel Heidesch begreissen.
Ganz gudd ukomm ass den Besuch vum Plymouth County Museum.


Zu Heron Lake hat den Mike Kirchmeier et faerdig bruecht fir eng 30 Nokommen vun Auswanderer op d'Been ze kreien, dei dun mat eis am Staatpark picknickt hun. Och hei war eise Besuch eng Premiere an et hue jidderengem vill Freed gemeet.

Montag, 31. August 2009 - 06:18 Uhr
Wonnerbaren Empfank an der Presentation church

Bei der Presentatioun church hun mei ewei 3o Persounen op eis gewart. Sie waren vun eisem Froend dem Kevin Meysenburg zesommegerouff gin. Fir eis war et eng riesig Iwerraschung, mee am Fong war et normal, well mer jo dei eischte Grupp aus Letzebuerg waren, dei does Geigend besicht huet. Fir d'Cecile Decker-Theisen war d'Freed immens. Het huet mam Kevin Meysenburg a senger Schwester direkt Famill entdeckt.

Montag, 31. August 2009 - 06:01 Uhr
Um Comptoir beim Breitbach

Foto Vic Weber

Montag, 31. August 2009 - 05:59 Uhr
An der Stony Hill School

Foto Vic Weber

Montag, 31. August 2009 - 05:58 Uhr
Fotoen

Groenland aus dem Fliger

Sonntag, 30. August 2009 - 14:25 Uhr
Quesch durich den Iowa bis an den Nebraska

Et ass elo Sonndig Moien an nach virun der Dusch well ech Iech "dobaussen" nach e klenge Bericht schreiwen. Ech probeieren och an denen naechsten Deeg e puer Fotoen vun de Matreesenden erop ze schecken.
No der harder Nuecht zu Balltown ass et virun op West Bend bei d'Grotto of the Redemption gang. Ech mengen et war jidderen impressioneiert. Zu Saint Joseph haten den Erny an d'Helen Gales-Bormann eist Kommen virbereed. Eng 4 Persounen schwetzen nach Letzebuergisch an si a mer haten vill Freed fir an eiser Mammesproch mat hinnen ze schwetwen. Sie haten ochh extra eng kleng Fotosaustellung fir eis organiseiert. Am Hotel waren mer owes zu Fort Dodge.
Geschter ass et virun op Defiance gang wou mer erem op Letzebuerger getraff sen. Mettegiessen zu Defiance war einfach mei jiddereen huet vun dem gudde Fleesch geschwaeremt.
Duerno hu mer grad ewei deemols d'Pioneier den Missouri iwerschratt an sen am Nebraska ukomm.
Am Homestead National Monument hu mer vill Informatiounen iwert doest wichtigt Gesetz vun 1862 kritt. Opwuel mer speit uwaren, ass en Rangerin no der Oeffnungszait dobliewen.
Geint halwer siwen waren mer dann am Hotel zu Lincoln, der Haptstaat vun Nebraska. Den Quartier Haymarket mat senge ville Restaurauen an Geschaefter ass ganz interessant at et deet eis nik leed, dass mer hei Halt gemeet hun.
Schei Greiss un all dei dei does Zeilen liesen a bis ganz geschwoenn. (mat de Fotoen)

Neuere Beiträge  Ältere Beiträge

Anmelden

Weather in the US