USA Reesen

Zenter 2005 organiséieren mer Reesen bei d'Lëtzebuerger an Amerika a fueren dobei, méi wäit ewéi déi anner Reesen. Eis Rees gett och bis an de Westen vum Iowa, an den Zentrum vum Minnesota an esouguer bis an den Nebraska. Och do gett et och nach elo "Lëtzebuerger" an sie sen emmer ganz frou wa mer kommen.


Kuckt Iech och d'Videon vun eisem leschten Trip op BUILDING BRIDGES - VIDEOS FROM THE PREVIOUS TRIPS un.

D'nächst Joer ass iewer och eng sogennanten "Buffallo Bill" Rees geplangt. Dobei fueren mer vu sengem Gebuertsuert Le Claire am Iowa (ca 2 Stonnen südlich vun Saint Donatus) bis op sengt Graf an der Géigend vun Denver am Colorado an zreck. E puer "Lëtzebuerger" wärte mer iewer och gesinn. Dës Rees organiséiere mer mam Paul Kremer, e grousse Kenner vum Wilde Westen.
Hei kannt Der e puer Heichpunkten gesinn.


   
   

(C) 2006 - All rights reserved

Print this page